St. Eloi Feier 2025
Den 1. Dezember wor déi 17. Editioun vun der St.-Éloi-Feier um Belval, als feste Rendez-vous fir d'Erënnerung un d'Hüttenindustrie.
Virun der Skulptur "Als Erënnerung" hu vill Leit deenen geduecht, déi op der Schmelz hiert Liewe gelooss hunn.
An der Halle des Poches à Fonte hunn duerno verschidde Rieden d'Bedeitung vun Engagement, Handwierk a Verantwortung ënnerstrach.
D'Wuert haten den Dan Cao, President vun der Amicale Héichuewen A a B, de Samuel Ferrai, President OGBL Sidérurgie, den André Zwally , Scheffe Stad Esch an de Steve Gierenz, Scheffe Gemeng Suessem.
E besonnesche Moment war de Film iwwert den Héichuewen C, musikalesch begleet vum Luciano Pagliarini a sengem Orchester.
Zum Ofschloss gouf et e gemittlecht Beienee-Sinn bei Ierzebulli an Eierepatt - am Geescht vun enger lieweger Traditioun.
- Tageblatt.pdf (515.35 KB)