Ewell deen am Fréijoer geplangten Ausfluch vun 2 Deeg op d’Henrichshütte / Hattingen nët genug Interessi bei den Amicale-Member fond hat, hu mär elo eng Visite vun 1 Dag op deeselwechten Heichuewesite organiséiert an dat zum Präis vun 50,00 Euro, alles abegraff.
D’Nuetsiessen am Restaurant „Les Pieds Tanqués“ zu Bieles gëtt vun der Amicale offréiert.
De Komitee wier frou méiglechst vill Memberen op eisem Ausfluch begréissen ze kënnen.
- Ausfluch Hattingen_0.pdf (131.43 KB)